
Virun deem Hannergrond huet den Donald Trump dem Iran an de Soziale Medien mat verstäerkten Attacke gedreet. En Dënschdeg den Owend 20 Auer wieren déi iranesch Kraaftwierker a Brécke drun, sollt d’Strooss vun Hormus net direkt opgemaach ginn.

Kuwait gouf eegenen Aussoen no op en Neits vun iraneschen Drone viséiert. Dobäi wieren den Autoritéiten no wichteg Infrastrukture getraff a schwéier beschiedegt ginn, dorënner Stroum- an Entsalzungslanlagen. Och un Anlage vun engem Pëtrolskonzern wier schwéiere Schued entstanen. Eng weider Dron wier an ee Regierungsgebai ageschloen. Blesséierter gouf et keng. An der libaneesescher Haaptstad Beirut hu sech Israel an déi pro-iranesch Hisbollah nees géigesäiteg attackéiert
D’OPEC+ huet ugekënnegt, d’Pëtrolsproduktioun wëllen eropzesetzen. Dat virum Hannergrond vum Iran-Krich a vum Blockage vun der Strooss vun Hormus. Am Mee kéinte ronn 206.000 Barrel den Dag méi produzéiert ginn, heescht et no engem virtuellen Treffe vun den aacht Kär-Staaten vun der Allianz. Dozou gehéieren Saudi-Arabien, de Kuwait, den Oman an déi Vereenegt Arabesch Emirater. Besuergt weist ee sech allerdéngs iwwer déi iranesch Attacken op d’Energie-Infrastrukturen an de Golfstaaten. Fir déi nees opzebauen, géing vill Zäit a Geld dropgoen.