
Trotz dësen an anere Geforen hält sech d'Weltwirtschaft allgemeng ganz gutt. Dat ass de Constat vun der Fondation Idea, déi e Mëttwoch de Moien hiren Avis annuel virgestallt huet. No enger Analys vun der wirtschaftlecher a politescher Aktualitéit hunn d'Ekonomiste festgestallt, dass déi allgemeng Situatioun deemno besser ass, wéi erwaart, esou de Senior-Economist vun Idea, Michel-Edouard Ruben: "Mir kenne vill Risiken, déi mir awer schonn eng ganz Zäitche gesinn, wéi Protektionismus oder de Brexit. Ma wann een déi plakeg Zuelen huet, gesäit een, dass et den Ament keng Rezessioun gëtt."
Zu Lëtzebuerg sollen d'Staatsschold an och d'Zuel vun de Chômeure weider erofgoen. Sollt eng vun de genannte Krisen awer antrieden, wier Lëtzebuerg och direkt betraff, esou de Michel-Edouard Ruben weider. Ëmmerhi wier de Grand-Duché eng kleng a ganz oppe Wirtschaft, déi direkt vun internationalen Evenementer beaflosst gëtt.
Fir 2019 geet Idea och dovun aus, dass et erëm manner Chômeure wäert ginn an d'Croissance bei ronn 3 Prozent dierft leien.