Wéi wäerte sech déi nei Gesetzesartikelen zum Heescheverbuet op d’Aarbecht vun der Police auswierken?
D’Police wäert déi betraffe Leit an enger éischter Phas sensibiliséieren, vu Januar u sollen dann och Protokoller geschriwwe ginn, esou d’Marlène Negrini, Presidentin vun der Policegewerkschaft. Et gëtt awer nach Onkloerheeten.
“U sech misst d’Police elo géint jiddereen e Protokoll schreiwen”, esou d’Marlène Negrini iwwert d’Gesetz, dat vill Raum fir Interpretatioun léisst. D’Gesetz géif deemno net just organiséiert Banden, mee och all aner Forme vun Mendicitéit cibléieren. “Ech weess elo net, wéi se dat wëllen anescht reglementéieren, well et ass alles verbueden.” D’Bestrofung gesäit dann och esou aus, dass direkt e Protokoll geschriwwe gëtt. Et gi keng Suen ofgeholl, ma et gëtt dann eppes geschriwwen, wat op d’Geriicht geet.
Iwwert déi geplangte Gemengepolice wollt d’Marlène Negrini zu dësem Zäitpunkt - en absence vun engem konkreten Projet - nach keng Meenung ofginn.
Den Ament hätt een awer esou oder esou bei der Police nach net genuch Leit, fir d’Ännerungen ëmzesetzen. Dat soll sech awer geschwënn änneren. D’nächst Joer sollen 160 nei Police-Uwäerter ausgebilt ginn. Och 2025 soll nach emol personell opgestockt ginn.
D’Gewerkschaft hat hir éischt Entrevue mam neien Inneminister Léon Gloden iwwerdeems en Donneschdeg. “Ech muss soen, den Här Minister huet eis souguer nogelauschtert”, esou d’Presidentin vun der Policegewerkschaft. Et wier wichteg, dass een den Dialog sicht an zesummeschafft, fir eppes Konstruktives auszeschaffen am Interêt vun de Polizistinnen a Polizisten, an ebe vun der ganzer Police-Aarbecht.
Wat d’Police-Direktioun ugeet, wou elo direkt 4 Persounen ugefrot hu fir an d’Pensioun ze goen, do erhofft sech d’Marlène Negrini, dass een och an Zukunft weider e gudden Dialog mat der Police-Direktioun huet, egal ob et mat den aktuelle Leit ass, oder mat enger neier Direktioun.
Ugeschwat op den Elektro-Tazer, deen de Minister Gloden nees an d’Gespréich bruecht huet, ass d’Presidentin vun der Policegewerkschaft der Meenung, dass alles wat fir déi eege Sécherheet vun de Beamte gutt ass, jo net schlecht kéint sinn. Ma och do bräicht een eppes Konkretes, e Projet de loi, wou dra steet, wéi a woufir den Tazer ka benotzt ginn.
Wat d’Stëmmung bei der Police aktuell ugeet, sot d’Madame Negrini, dass een déi net verallgemengere kéint. Op der Gare wier et zum Beispill aktuell méi schwiereg.