
D'Police gëtt Prezisiounen zum Accident. En Automobilist war an enger Kéier op déi aner Spuer komm an an e Bus gerannt. De Chauffer gouf am Auto ageklemmt an huet missten mam Rettungshelikopter an d'Spidol bruecht ginn. De Buschauffer gouf nëmme liicht blesséiert. Passagéier waren den Ament vum Accident net am Bus.