
Béid Ween wieren duerch d’Kollisioun op zwee Terrainen, déi nieft der Streck sinn, geschleidert. Zwou Persounen hu vun de Rettungsdéngschter missen aus den Autoe gebuerge ginn. D’Blesséierter goufen no enger Éischtversuergung sur Place an d’Spidol bruecht. Béid Gefierer hunn en Totalschued erlidden an e Constat gouf opgeholl.
Eng Spuer war wéinst de Rettungsaarbechten bis 9.40 Auer fir den Trafic gespaart. De CGDIS hat um Mëttwochmoie am Ganzen 3 Blesséierter gemellt. Op der Plaz waren d’Ambulanze vu Réimech, Diddeleng an aus der Stad, genau wéi de CIS Mutfert an de CIS Réimech. Och de Samu gouf geruff. Weider Informatioune feelen den Ament nach.