Verontreiung vu Suen zu HesperUgekloten ass ganz zefridden am Prisong

RTL Lëtzebuerg
Am 2. Prozessdag ëm Verontreiung vu Suen an Héicht vun iwwer 5 Milliounen Euro zu Hesper, huet den Haaptugekloten, fréiere Gemengefonctionnaire, ausgesot.
© RTL

2. Prozessdag Hesper - De Reportage vum Diana Hoffmann

“Ech hu Mëscht gebaut, dat weess ech ganz kloer”, sot den Haaptugeklote vun Enn 50 Joer um Donneschdeg. Fir hie wier d’Liewe gutt fäerdeg. Hien hätt schonn ëmmer gewosst, dass iergendwann eppes nokënnt. An et wier erstaunlech, dass 20 Joer laang keen eppes gemierkt hätt. De Leit wier et Wurscht gewiescht.

De schmächtege Mann, mat dënnen hellen Hoer, hat eng Krawatt iwwer sengem Hiem gebonnen an e kuerze bloe Mantel un. Op seng Manéier huet hien de volle Geriichtssall bannent enger Stonn, et kann ee scho bal soen, ënnerhalen. Am Ufank huet hien zimmlech ouni Zesummenhang geschwat. Hien géing anescht ticken, d’Saachen aus der Mëtt gesinn. Ufank, Enn an sou weider. Kuerz huet hien och vun Zäiten op der Gemeng geschwat, déi scho méi laang passé sinn, an him wuel gefall hunn. «Mer hunn gëlle Spéngele verdeelt, wéi d’CSV Bicker. Dat war Hesper-Flair», sou zum Beispill eng vu sengen Aussoe virum Riichter.

Sai Virgoe fir d’Verontreiung vun de Sue wier da ganz einfach gewiescht: Zwee Nimm, an zwou Kontosnummeren. Vun de Reprochë kontestéiert hie keng. Wéi vill vun de Faiten de Mann awer wierklech bedauert, ass schwéier ze jugéieren: “Dat hei ass eng kleng Katastroph an enger Randgemeng vun der Stad”. Am Verglach mat deem, wat een all Dag an den Noriichten héiert, wier dat näischt. Schéi wier jo, dass et doduerch elo méi streng Gesetzer an deem Kontext géinge ginn. Iergendwann huet de Riichter den Ugekloten awer ënnerbrach, an ironesch gefrot ob dësen, bei all sengem Rieden, wëlles hätt mat an d’Walen ze goen. “Ech stelle fest, dass Dir nach näischt doriwwer erzielt hutt, wéi dir dozou komm sidd, déi horrend Zommen anzestiechen”, sou de Riichter.

Ganz vill méi schlau ass een awer net ginn. “Een deen un der Quell sëtzt, zerwéiert sech. Dat ass eben esou am Liewen.” Et kéint een och anescht virgoen, wann nach Suen an engem Budgetsposten opstinn, wéi se an seng eegen Täsch fléissen ze loossen, huet de Riichter proposéiert. Dat géing nämlech e virbildleche Fonctionaire maachen. Dat wat hie gemaach hätt, e kriminellen. “Ech sinn dat zweet”, sou déi klenglaut Äntwert. De Mënsch wier en dreckegen, liddregen Egoist.

Elo wier hien zanter Oktober 2019 am Prisong, mee dat géing hien akzeptéieren. Schliisslech hätt hien e Feeler gemaach, “e grousse Feeler”, an dofir misst hien elo eng Strof kréien. Ausser, dass him géing eng Bidde feelen, wier hie ganz zefridden am Prisong. De Mënsch géing sech séier adaptéieren. Eng Demande fir aus der Untersuchungshaft fräi ze kommen, huet hien dowéinst net gestallt. De Procureur huet bestätegt, dass den Ugekloten den Ament kéint op fräiem Fouss sinn. Zu Suessem wier jo elo och nach den neie Prisong opgaangen, huet de Riichter sarkastesch festgestallt, an den ongleewege Public zum Laache bruecht.

“Ech ka mech elo net fir 20 Joer entschëllegen. Ech weess, dass dat lächerlech kengt, wann ech soen, dass et mer Leed deet. Jo, et ass mäi Feeler”, esou de Mann um Schluss. E kéint jo och net behaapten, dass et 20 Joer laang en “Irrläufer” gewiescht wier.

Zanter e Mëttwoch musse sech jo 2 fréier Beamte vun der Hesper Gemeng an e Geschäftsmann wéinst dem Ënnerschloe vun ëffentleche Gelder, Fälschung, Bedruch a Mëssbrauch vu Verméige vun der Gemeng, viru Geriicht veräntweren.

Back to Top
CIM LOGO