
An engem Bréif un de Wirtschaftsminister Fayot huet d’ULC vehement protestéiert, datt déi Mesuren och d’sozial Kontakter géing reduzéieren an d’Liewen aus de klengen Uertschaften huelen.
De Konsumenteschutz hätt gär, datt de Minister bei der Post intervenéiert, well dës 100% dem Staat gehéiert. Der ULC no wéilt d’Post mat de Rationaliséierungsmesurë just wëllen d’Beneficer an d’Luucht drécken.
Aktuell gi jo landeswäit Sondagë gemaach iwwert de Leit hir Zefriddenheet vun de Postbüroen. Op Nofro hin heescht et vun der Post, dass déi Enquêten 1 bis 2 Mol d’Joer duerchgefouert géife ginn, fir d’Satisfaktioun vun de Clienten ze moossen, grad ewéi d’Qualitéit vum Service ze verbesseren. Et géif keen Zesummenhang zu der Strategie iwwert déi geographesch Ausriichtung vum Reseau de vente ginn.