
Dat am Kader vun der "Connectiong-Tomorrow-Konferenz" um Kierchbierg. D’Connectivitéit wier haut scho generell gesinn net schlecht, mee et wéilt een den ultra-séieren Internet bis 2025 generaliséieren. Dofir wier e konsequenten Invest néideg, sou de Premier.
E Mëttwoch de Mëtteg wäert den Digitalisatiounsminister Marc Hansen iwwerdeems den nationale Plang vun der digitaler Inclusioun virstellen. Dësen ass Enn September am Regierungsrot ugeholl ginn. Domadder soll ebe verhënnert ginn, dass eng Zwouklassegesellschaft entsteet, andeems déi eng Zougang hunn zu ganz séierem Internet an anerer net.