CGDISUm Stafelter huet en Auto gebrannt

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg den Owend kuerz virun 22 Auer goufen d'Pompjeeë vun Nidderaanwen an den Asaz geruff, well um Stafelter en Auto gebrannt huet.
© CGDIS

Am Bulletin vum CGDIS sti keng Informatiounen iwwer méiglech Blesséierter.

Anescht géint 20.45 Auer, wéi um Belair e Bus an en Auto net laanschtenee komm sinn. Hei gouf et 1 Blesséierten.

Scho géint 17 Auer hat et op der Colmer Bréck eng Kollisioun tëscht engem Bus an engem Trakter ginn. Heibäi goufen zwou Persoune blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO