Fuerschung zu LëtzebuergUni Lëtzebuerg schafft vill am Beräich vun de Laser-Technologien

Pierre Weimerskirch
Um Lampertsbierg gëtt Grondlagefuerschung gemaach. Um Kierchbierg gëtt virop zesumme mat der Industrie un neie Léisunge fir konkret Problemer geschafft.
Fuerschung zu Lëtzebuerg: Laser-Technologien
Um Lampertsbierg gëtt Grondlagefuerschung gemaach. Um Kierchbierg gëtt virop zesumme mat der Industrie un neie Léisunge fir konkret Problemer geschafft.

A ville Beräicher huet Lëtzebuerg sech an der Fuerschung een Numm gemaach. D'Bio-Medezin ass do nëmmen ee vun de Beispiller. D'Uni Lëtzebuerg setzt mat de Laser-Technologien ee weidere Fuerschungsschwéierpunkt. Laser si mëttlerweil an eisem Alldag ukomm. An der Industrie gëtt domat geschnidden, gemooss, dat mat Präzisioun.
Op der Uni Lëtzebuerg gëtt am Beräich vun de Laser-Technologien vill gefuerscht. Den Daniele Brida schafft elo knapp ee Joer um Lampertsbierg. Zesumme mat senge Studente gëtt am Labo Grondlagefuerschung gemaach. D'Fuerscher analyséieren zum Beispill, wéi Planzen d'Luucht vun der Sonn an Energie ëmwandelen.

Laser Technology Competence Center um Kierchbierg fuerscht mam Zil, der Industrie bei der Entwécklung vun neien Technologien zur Säit ze stoen. De Laser-Prozess fir den industrielle Gebrauch soll optiméiert ginn. An dësem Beräich géif et een enorme Besoin u Fuerschung ginn, de gréisste géif et an der Automobil-Branche ginn, wou versicht gëtt, Metaller mat Plastik ze verbannen.

Back to Top
CIM LOGO