Dës "Youth Ambassadors" sollen sech fir d'Rechter vun de Kanner hei am Land an an der ganzer Welt staark maachen.
Jonker kënnen eppes beweegen, Jonker sollen eppes Beweegen, seet d’Sandra Visscher, d'Direktrice vun UNICEF Lëtzebuerg. An genee dowéinst sicht d'Organisatioun elo eng éischte Kéier hei am Land jonk UNICEF Ambassadeuren. Si sollen hier eegen Iddien abréngen an och ëmsetzen. Derniewent kréien si eng eegen UNICEF-Facebook an Instagram Account.
Nach bis den 30. Juni kann een sech bei der Organisatioun mellen. Wéi vill Kandidaten um Enn als Ambassadeuren zréckbehalen ginn, steet nach net fest, et hätt een sech keng Limitte gesat, seet UNICEF Lëtzebuerg. Di éischt Kandidature wären dann och schonn erakomm.