UnelUnioun vun de Studente freet eng méi gerecht Remuneratioun

RTL Lëtzebuerg
D’Unel hat e Méindeg eng Entrevue mam Aarbechtsminister Dan Kersch, fir him op en neits hir Doleancen a Punkto Reform vum Stage-Gesetz duer ze leeën.
© RTL-Archiv

D’Haapt-Revendicatiounen hätten net geännert, heescht et an engem Schreiwes vun der Unioun vun den nationale Studenten a Schüler.

Et freet ee weiderhin eng méi gerecht Remuneratioun, an d’Stage-Zäit misst och consideréiert gi bei der Proufzäit, wann ee sollt agestallt ginn.

Et géifen awer och nei Fuerderunge ginn, wéi beispillsweis, dass nees d’Méiglechkeet vun engem Orientatiounsstage tëscht engem Bachelor- an engem Master-Studium sollt agefouert ginn vu maximal 6 Méint, oder dass Stagen och op Deel-Zäit kéinten gemaach ginn.

PDF: Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO