
E Freideg gouf se nees un de Reseau ugeschloss. De 5. Oktober war d’Produktioun fir Maintenance-Aarbechten un engem Waasser-System am net-nuklearen Deel gestoppt ginn.
Vu véier Unitéiten zu Kettenuewen funktionéieren der den Ament zwou. D’Unitéiten 2 a 4 produzéieren. 1 an 3 maache wéinst Maintenance-Aarbechten Paus.