
Eng Gesetzespropos, déi eestëmmeg an der Chamber ugeholl gouf, wäert dëst an Zukunft änneren.
Upskirting bedeit d’Fotograféieren an d‘Filme vum Intimberäich bei Männer oder Fraen. Dëst kann zum Beispill ënnert der Jupe awer och den Decolleté sinn. Well mat klenge Kameraen an Handy d’Méiglechkeeten dofir gewuess sinn, muss d‘Gesetz der aktueller Situatioun ugepasst ginn. Den CSV- Deputéierte Gilles Roth, deen d’Propositioun virun zwee Joer an der Chamber deposéiert huet erkläert:
„Dat ass keen neie Phänomen. Mee sécherlech ee Phänomen, dee sech verstäerkt huet, duerch d'Benotze vun neie Computer, Informatikmaterial, Hard- a Software, nei Technologien, awer och virun allem d'Verbreedung iwwer d'sozial Reseauen.“
Mat der Verankerung vun der Propositioun am Code penale wäert dës Form vu Voyeurismus lo net méi als Kavaléiersdelikt verharmloost kënne ginn. D’Héicht vun der Strof gëtt deementspriechend ugepasst. De Gilles Roth:
„D’Strofmooss vun esou engem Vergoe läit bei enger Prisongsstrof vun zwee Méint bis engem Joer, respektiv bei enger Geldstrof vun 251 bis 15.000 Euro.“
Wann d’Affer awer mannerjäreg ass, kann d‘Jugement verduebelt ginn. Dat nämmlecht gëllt, wann sech d’Faiten an engem ëffentlechen Transport ofspillen oder iwwer sozial Medie verdeelt ginn.
Déi gréng Justizministesch Sam Tanson betount, wéi wichteg och d’Preventiounsaarbecht an d‘Sensibiliséierung vu Klengem un ass.
„Dass mer Grenze setzen, dass déi Grenze ganz kloer sinn. Dass et evident ass, dass verschidde Saachen net ginn. An dass wann dat net geet, dass een net nëmme ka Plainte féieren, mee dass dat och zu enger Strof féiert“, betount d’Sam Tanson.
Ausléiser vum Gesetzesvirschlag war e Fall am Joer 2017. E Mann hat ëmmer erëm Fraen am ëffentlechen Transport ënnert d‘Jupe gefilmt. Dëst mat enger Kamera, déi an enger Posch verstoppt war. D’Fraen haten de Mann doropshin ugeklot. Wéinst Mangel u juristesche Moyenen huet de Fall awer deemools musse klasséiert ginn.
