
E Mëttwoch sollt u sech um Stater Geriicht d'Urteel géint een Ex-Prof gesprach ginn, dee sech wéinst "Attentat aux moeurs en relation avec un mineur" ze veräntweren hat: Zu deem Urteelssproch war et awer net komm. En Donneschdeg am Nomëtteg elo war et d'Prezisioun vu Säite vun der Justiz, dass nach e Psychiater soll gehéiert ginn. En Datum dofir gëtt et allerdéngs nach net.
Dem fréieren Attaché à la direction vum Bouneweger Lycée technique war ënnert anerem de Viol vun engem Mannerjärege virgehäit ginn. D'Affer waren zum Zäitpunkt vun de Faiten tëscht 15 a 17 Joer al. Zu de Faite koum et vun Oktober 2011 bis Oktober 2012 a vun Oktober 2014 bis September 2016. De Vertrieder vum Parquet hat 10 Joer Prisong fir de suspendéierten Enseignant gefrot.