Office Régional du Tourisme SudVandalismus um Minett Trail suergt fir grouss Verzweiwlung bei de Mataarbechter

RTL Lëtzebuerg
Rieds geet hei vum 90 Kilometer laange Wanderwee, deen sech duerch de ganze Minett zitt a wou reegelméisseg d'Beschëlderung massiv beschiedegt gëtt.
© Office Régional du Tourisme Sud

Wéi et säitens vum Office Régional du Tourisme Sud heescht, géif ee quasi un dëser Aarbecht "verzweiwelen", well Onbekannter non-stop Beschëlderung vum Trail géife futti maachen, klauen oder erofrappen. Et géif een net méi nokommen mam Flécken an Ersetzen. Et ass och kloer, dass geziilt de Minett Trail betraff wier, aner Beschëlderungen géife verschount bleiwen. Dowéinst hätt een sech dozou entscheed, sech un d'Press ze wenden, well een soss kee Rot méi wéisst.

Den Office Régional ënnersträicht, dass dëst net nëmmen immens vill Steiersue géif kaschten, ma et wier och "immens iergerlech an enttäuschend" fir déi Leit, déi sech all Dag asetzen, fir dëse Projet op d'Been ze setzen, e Projet vun deem net nëmmen d'Visiteuren, ma och al eenzelen Resident eppes hätt.

Dohier freet den Office Régional du Tourisme Sud no Hëllef, fir de Problem an de Grëff ze kréien a wier frou, wann d'Leit an der Géigend eventuell d'An kéinten ophalen. Sollten Zeien gesinn, wéi d'Beschëlderung oder aner Saachen um Trail futti gemaach géif ginn, sollen déi sech am beschten um 27545990 mellen, fir dass een sou déi néideg Schrëtt aleede kann.

Back to Top
CIM LOGO