Mat engem vun de gréisste Chantieren aus dem Wee: D'Re-Ouverture vun der Schwämm. No den iwwerschaffte Sécherheetsmesuren an no e puer technesche Pannen dierften elo och nees méi Lokaler an Touristen hire Wee op Veianen fannen.
D'Re-Ouverture koum pénktlech mat der Hëtzt, dorops war och higeschafft ginn. E leschte Mëttwoch hätt d'Schwämm schonn nees kënnen op sinn, wann eng defekt Pompel der Gemeng kee Stréch duerch d'Rechnung gemaach hätt. Dowéinst gouf d'Re-Ouverture ganz kuerzfristeg op leschte Samschdeg geréckelt.
Et hätt een duerno op e leschten Accord gewaart an d'Decisioun kuerzfristeg geholl. A punkto Sécherheetsmesurë wier een elo och à jour, huet et en Dënschdeg vun der Gemeng geheescht. Villes gouf an de leschten 2 Wochen iwwerschafft.
Ma a genee deenen 2 Woche wier méi geschitt ewéi an de leschte Joren, heescht et vun esou munchem Personal. Dem Här Tonino no hätt d'Sich no engem Schwammmeeschter vill Prozeduren ofgebremst: "Mir sinn zanter Mëtt leschtem Joer am gaangen, e Schwammmeeschter ze sichen. Well mer eben am Kader vun der Gesetzgebung e Schwammmeeschter hei mussen hunn. Mir konnte laang kee fannen an et si ganz vill Uertschaften hei am Land, déi dee Misär hunn a wou Schwämmen zougemaach ginn, well et u Personal feelt."
D'lescht Woch gouf effektiv elo e Schwammmeeschter mat Brevet agestallt, deen iwwert déi ganz Securitéit vum Site waacht. 48 Joer laang ass d'Sécherheet vun der Schwämm vu Rettungsschwëmmer geréiert ginn. Dat war och konform bis zum neie Réglement grand-ducale vun 2012. D'Iwwerwaachung gouf elo awer ugepasst an d'Leit komme lues a lues zeréck. Den éischte Weekend goufen eng 1.300 Leit gezielt.
Hëtzeg soll et jo wierklech bleiwen, do wier eng Ofkillung guer net esou schlecht.