Wéinst Chantieren an der StadVéier Betriber wëlle vu Luxtram entschiedegt ginn

Fanny Kinsch
Christophe Hochard
Kevin Kayser
Vum 13. Mee un fueren d'Busser net méi ganz iwwert d'Nei Avenue, wéinst dem Tramschantier. Si ginn op déi Al Avenue ëmgeleet, wou da keng Autoe méi fueren.
Suite Chantier Tram
Vum 13. Mee un fueren d'Busser net méi ganz iwwert d'Nei Avenue, wéinst dem Tramschantier. Si ginn op déi Al Avenue ëmgeleet, wou da keng Autoe méi fueren.

Bis elo hu véier Betriber en Dossier agereecht, fir vu Luxtram entschiedegt ze ginn. Dat sot den Direkter vun der Bedreiwergesellschaft André von der Marck e Freideg de Mëtten op enger Pressekonferenz. Hei goung et an éischter Linn ëm den Impakt vum Tram-Chantier op de Garer Quartier vun dësem Mee bis Ënn 2020.

Neien Tramchantier / Reportage Fanny Kinsch

Wéinst dem Chantier ginn alleguer d’Busse vum 13. Mee un iwwert d’Al Avenue an d’Rue Jean Origer a Richtung Stad ëmgeleet. D’Al Avenue ass vun deem Moment un zou fir d’Autoen, fir d’Veloë gëtt et eng Pist a béid Richtungen.

Duerch de Chantier kommen eng Rei RGTR- a Stater Bussen och op aneren Arrêten un, wéi bis elo. De Bus-Service vun der Stad Lëtzebuerg, d’CFL an d’Mobilitéitszentral hunn eng Informatiounscampagne lancéiert, seet den Alex Kies vum Transportministère.

Fir dat elo esou gutt wéi et geet de Leit matzedeelen, eise Clienten, ass geduecht, fir natierlech e ganze Koup Signalitik opzestellen, vun e Méinden un. Mir wäerten déi ganzen Zäit mat Personal sur Place sinn op deene verschiddene Quaie fir wann d'Leit mam Zuch ukommen, fir se ze guidéieren a wa Froe sinn hinnen och ze soen wou se hire Bus da fannen. Déi nei Horaire wäerte publique si vun haut un op eise verschiddene Sitten.

Bis d’Tramsschinne geluecht ginn, wäert et nach e Joer daueren. Fir d’éischt mussen nach d’Reseauen am Buedem verstäerkt an erneiert ginn: d’Waasser-, Gas-, Heizung-, Elektresch a Glasfaser-Leitungen. Dat gëtt an e puer Etappen op béide Säite vun der neier Avenue gemaach, iert d’Strooss ka fir d’Tramsschinne preparéiert ginn. De ganze Chantier soll bis Ënn 2020 daueren.

Betriber, déi duerch de Chantier gestéiert sinn, kënnen Indemnitéiten ufroen. Déi zoustänneg Kommissioun wier leschte Mount fir d’éischte Kéier zesummekomm a géif déi véier Dossieren den Ament evaluéieren, esou de Luxtram-Direkter André Von der Marck.

Les commerçants peuvent, en consultant notre site, regarder comment constituer un dossier de demande d'indemnisation, si effectivement il y a un préjudice économique à vérer qui devrait être constaté. Donc aujourdhui la procédure est claire, elle est publique, et elle est sur notre site internet et la commission fonctionne. Et je vous le dit, pour l'instant, sur le premier tronçon entre Luxexpo et la Place de l'Etoile, nous avons réceptionné quatre dossiers qui sont en cours d'examen.

USILL: Seelbunnen oder Monoraile mam Tram verbannen

D’Presidentin vun der Unioun vun de Stater Biergersyndikater USILL Rita Hermann huet dann och Stellung zum Tram-Chantier geholl. D’Awunner-Vereenegunge stéiere sech ënnert anerem drun, datt net genuch iwwert den Tram erausgeduecht gëtt, sot d’Rita Hermann am RTL-Interview.

Mir sollten onbedéngt aktuell nei Reflektiounen ustellen, fir den Autosverkéier, den individuelle Verkéier a Quartieren, déi sech elo an deenen nächste Méint immens ännere wäerten, ech denken un d'Gare, Hollerech deen Eck. Do kéinte mer den individuelle Verkéier ënnerierdesch maachen an da méi séier op déi respektiv Autobunne kéieren, wéi mer dat fir de Moment maachen. Dat alles fir d'Liewensqualitéit vun de Bierger vun de Quartieren erëm an d'Luucht ze setzen. Well déi ass schrecklech schlecht.

Extrait Rita Hermann

Der USILL-Presidentin no misst och iwwer autonom Transport-Méiglechkeeten nogeduecht ginn, déi d’Connectioun zum Tram maachen an déi net onbedéngt iwwert de Buedem ginn, wéi Seelbunnen oder Monorailen.

Back to Top
CIM LOGO