CGDISVéier Blesséierter am Stroosseverkéier e Méindeg den Owend

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg den Owend goufen et géint 17.20 Auer zwee Blesséierter zu Zolwer, wou zwee Autoen an der Rue Aessen anenee gerannt sinn.

Kuerz drop sinn zu Bouneweg am Rond-point Glück e Camion an en Auto net laanschtenee komm. Och hei gouf eng Persoun verwonnt. Géint 23 Auer gouf et och nach ee Blesséierten zu Esch an der Rue de Luxembourg, wou sech do och zwee Autoen ze pake kruten.

Back to Top
CIM LOGO