Bus géint AutoVéier Blesséierter bei Accident tëscht Lauterbuer an Iechternach

RTL Lëtzebuerg
Am Laf vum Dënschdegowend goufe bei véier Accidenter op eise Stroossen am Ganze siwe Persoune blesséiert.
D'Pompjeeë vun Iechternach an d'Ambulanciere vun Iechternach, vu Mäertert an aus der Fiels sinn op d'Plaz geruff ginn.
© Jeannot Ries

Géint 17:20 Auer sinn den Escher Samu, d'Pompjeeë vun Esch an d'Ambulancieren aus dem Asazzenter Suessem-Déifferdeng op Esch an d'Rue Clair-Chene geruff ginn. Hei krut en Auto eng Persoun ze paken.

Um 18:33 Auer ass dann en Auto zu Mensder an der Rue de la Grotte an e Bam gerannt. D'Pompjee vu Mensder an d'Ambulanciere vu Jonglënster hu sech hei ëm eng blesséiert Persoun gekëmmert.

Nëmmen e puer Minutten drop si bei engem Accident tëscht engem Bus an engem Auto op der RN11 tëscht Lauterbuer an Iechternach véier Persoune blesséiert ginn. Hei waren d'Pompjeeë vun Iechternach an d'Ambulanciere vun Iechternach, vu Mäertert an aus der Fiels am Asaz.

Um 19:43 Auer krut en Automobilist op der RN31 tëscht Käerjeng a Péiteng e Moto ze paken. D'Pompjeeë vu Käerjeng a Péiteng, grad ewéi d'Ambulanciere vu Péiteng hu sech hei ëm e Blesséierte gekëmmert.

Back to Top
CIM LOGO