CGDISVéier Blesséierter zanter en Donneschdeg den Owend

RTL Lëtzebuerg
Bei dräi Tëschefäll um Donneschdeg goufe véier Leit verwonnt.

Op der N7 tëscht Miersch an dem Rouscht gouf et géint 18.30 Auer en uergt Accident, wou zwee Gefierer anenee gerannt sinn. Een Auto gouf wéinst der Wucht vum Impakt an e Bam geschleidert. De Samu war am Asaz an zwou Persoune goufe blesséiert.

Tëscht Péiteng a Käerjeng sinn zwee Autoen net laanscht enee komm, eng Persoun gouf verwonnt. An zu Biergem ass no Hallefnuecht e Chauffer an dräi geparkten Autoe gerannt.

Back to Top
CIM LOGO