2 Autoen am CoupUergen Accident op der N7

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend ass et an der Géigend vu Biissen op der N7 zu engem uergen Accident komm.
© Domingos Oliveira

Wéi d’Police confirméiert, waren zwee Autoen aneneegerannt. Eent vun de Gefierer war op d’Géigespuer geroden an ass mam Won, deen do ënnerwee war, kollidéiert. Den Impakt vum Accident war esou staark, datt den zweete Won an e Bam geschleidert gouf.

Grave accident N7 07/12/2023
Une collision frontale s’est produite jeudi soir sur la N7 à hauteur de Bissen

D’Police schreift dann nach, datt béid Automobiliste schwéier blesséiert a vum Noutdokter op der Plaz behandelt goufen. Si goufe béid dono an d’Spidol transportéiert.

D’Ambulanz an de Samu wéi och d’Spueresécherung vun der Police waren op der Plaz. D’Streck war bis Mëtternuecht gespaart.

Back to Top
CIM LOGO