Grouss VerkéierskontrollVéier Geldstrofe bezuelt an e puer Autoen immobiliséiert

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Moien goufe bei enger grouss ugeluechter Verkéierskontroll zu Esch-Uelzecht an op der Kockelscheier eng Partie Verstéiss festgestallt.

Am Ganze waren 21 Beamte vun der Police (11) souwéi vun der Douane (10) un der Kontroll am Süde vum Land bedeelegt.

An 33 Fäll goufen d’Chauffere protokolléiert a véier Mol gouf Plainte gemaach. Dat wéinst ënnert anerem ofgelafen Zertifikater vum Contrôle technique, ofgefuere Pneuen, well d’Leit net ugestréckt waren oder d’Autossteier net bezuelt war. Zwee Gefierer hu misste wéinst den technesche Mängel immobiliséiert ginn. Am Ganze goufen 13 “Rapports de sommation” ausgestallt.

Dräi Mol gouf Plainte gemaach, well den Auto net verséchert war, een Auto gouf saiséiert an zwee provisoresch immobiliséiert.

Géint ee Chauffer gouf eng Plainte gemaach, well dëse kee Fürerschäin hat, e weideren huet de Permis missten ofginn, well e scho wéinst engem Fürerschäin-Entzuch bei de Beamte signaliséiert war.

A véier weidere Fäll hunn d’Automobiliste missten an de Portmonni gräifen, well si wéinst net-bezuelte Geldstrofe signaliséiert waren.

Back to Top
CIM LOGO