A6 Richtung ArelVéier Persoune ginn an engem gréisseren Accident blesséiert

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch de Moien haten d'Rettungsekippe vum CGDIS nawell vill ze dinn.
© Laurent Weber

Wéi den 112 mellt, koum et e Mëttwoch de Moie géint hallwer 10 zu engem Accident op der A6 a Richtung Arel, méi genee tëscht dem Gaasperecher Kräiz an dem Zéissenger Kräiz. Véier Autoe waren hei am Coup, véier Persoune goufen och blesséiert. Op der Plaz waren d'Rettungsdéngschter aus der Stad.

Zwee Blesséierter mellt den 112 dann och nach um kuerz virun 9 Auer e Mëttwoch de Moien. Op der A13 a Richtung Schengen, tëscht Käl a Biereng, waren dräi Autoen am Coup. D'Ekippe vu Käl, Rëmeleng an Diddeleng waren hei am Asaz.

Um Kuerz viru 7 Auer krute sech op der A1 a Richtung Stad, tëscht Fluessweiler a Mënsbech ganzer sechs Autoen ze paken. Hei gouf keng Persoun blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO