
Zu Esch huet an der Rue Guillaume Capus eppes no 20 Auer e Vëlo gebrannt.
Zu Lëllgen ass kuerz drop op der Héicht vum Antoniushaff en Auto op d’Kopp gaangen. Wéi d’Police e Samschdeg präziséiert, hat den Automobilist op der N12 d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer a krut doropshin de Säitewee ze paken. Den Auto huet sech iwwerschloen. Et sollt sech duerno erausstellen, dass de Mann hannert dem Steier ze vill gedronk hat. Hie krut e Fuerverbuet an e Protokoll. Kengem ass eppes geschitt.