An der Vergaangenheet gouf et jo ëmmer nees Schwieregkeete mat der Beliichtung an der Unerkennung vun de Bornen. Dës Problemer sinn elo awer geléist, dat sot de Mobilitéitsschäffe vun der Stad Lëtzebuerg, Patrick Goldschmidt, e Freideg de Moien.
An Zukunft kéint et awer sinn, datt et nach Problemer mat der elektrescher Assistenz gëtt, déi ausfale kéint. Dat wéinst enger Kaart an der Elektronik, déi elo an all de Vëloe muss gewiesselt ginn, sou de Jerôme Blanchevoye, Directeur adjoint vu JCDecaux Lëtzebuerg.
Fir déi Problemer ze léisen, kéint et awer nach tëscht 6 an 8 Wochen daueren, esou JC Decaux. D’Leit, déi zënter dem Ufank vun der Mise en Service, dat heescht dem November, een Abonnement hunn, kënnen dann och gratis vum Vëlossystem profitéieren, bis de Problem vun der elektronescher Assistenz ebe geléist ass.
Tëscht November zejoert a Februar dësem Joer goufen et eng 26.000 Locatiounen vu Vëloen an der Stad. Am Verglach zu där nämmlechter Period 2018, wou et eng 19.000 Locatiounen goufen, ass dat eng Hausse vu 40 Prozent.
Datt de Kontrakt mat JCDecaux méiglecherweis gekënnegt muss ginn, souwäit wollt de Stater Schäfferot dann awer net goen. Bis ewell goufen 1.800 Bornen modifizéiert a 400 Vëloe vun den Atelieren zréckgeholl.