
Hien hat viru 7 Méint ee Joer Prisong mat Sursis probatoire kritt - mat der Oplo, seng pedophil Tendenze behandelen ze loossen - an eng Geldstrof vun 1.000 €; donieft sollt hien ë.a. 5 Joer net an der Fonction publique schaffe däerfen.
Wéinst dësem lescht genannten Deel vun der Strof hat de Mann Appell gemaach, an hie kéint do Satisfaktioun kréien.
D'Vertriederin vum Parquet général huet nämlech gemengt, et géif sech, wat d'Verbuet ugeet, fir am ëffentlechen Déngscht ze schaffen, zwar d'Fro vum Mann senger Honorabilitéit stellen; wann hie seng Aarbechtsplaz an der Formatioun vun Erwuessenen awer verléiere géif, da kéint hien, duerch déi vill fräi Zäit, déi hien dann hätt, a säin zwanghafte Sammeldrang zréckgehäit ginn. Woufir ee vläicht vun deem Verbuet sollt ofgesinn, mä dat, fir keng Aktivitéit mat Mannerjäregen ze hunn, vläicht vu 5 op 10 Joer héije sollt! Et misst garantéiert ginn, dass de fréiere Prof keng Schoul bei Kanner méi hale kéint; beim Mann mat enger Pedophilie wär e Suivi bei engem Psycholog-Sexolog och vläicht besser wéi bei engem Psychiater.
Do virdrun hat de Beschëllegten, bei deem op d'mannst 135.000 kannerpornografesch Fotoen a ronn 875 sou Filmer fonnt gi waren, erkläert, seng berufflech Zukunft wär zerstéiert, wann et beim Verbuet géif bleiwen, fir an der Fonction publique schaffen ze kënnen. D'Presidentin vum Geriicht huet dem Mann an d'Gewësse geried a gesot, et hätt een an der Lescht vill sou Affäre gehat, mä hien hätt se all getoppt; d'Riichterin huet vun engem „erschreckenden Ausmooss“ geschwat an dovun, dass d'Prognose vun engem Expär-Psychiater mitigéiert waren.
De Me Tom Luciani, Affekot vum Ugekloten, huet betount, dass säi Client mat allem opgehalen hätt an zanter 3 Joer géif suivéiert ginn. Am Enseignement vun Erwuessenen hätt hie kee Kontakt mat Jugendlechen, a seng Aarbecht ze verléiere wär eng démesuréiert Strof.
D'Urteel gëtt den 29. Juli gesprach. Dës Affär war iwwregens am Februar 2017 opgeflunn, woubäi d'Faite bis op Februar 2012 zréckgaange waren.