Réckruff vun AuchanVerdacht op E. coli-Bakterien bei "Fraich'Up"-Pizzae vu Buitoni

RTL Lëtzebuerg
"Escherichia coli"-Bakterië kënne liewensmëttelbedéngt Infektioune verursaachen, déi bannent enger Woch nom Iessen als Mo-Krämp optriede kënnen.

Bei vulnerabelen an eelere Persoune souwéi bei klenge Kanner kéinte sech d’Symptomer verschlechteren. Et gëtt recommandéiert bei Symptomer bei en Dokter ze goen.

Gemellt gouf de Réckruff duerch de Supermarché Auchan, et kann awer net ausgeschloss ginn, datt aner Butteker d’Produiten och verkafen.

D'Schreiwes vum Réckruff fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO