Akafszenter zu BartrengVerdächtege Pak stellt sech als net geféierlech eraus

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den Owend haten déi Responsabel vun engem Akafszenter zu Bartreng der Police e verdächtege Pak gemellt.
© Police

De Service Deminage vun der Police war op der Plaz an huet de Pak kontrolléiert. No kuerzer Zäit konnt een Entwarnung ginn.

Wéi et vun de Responsabele vum Akafszenter heescht, wier de Pak kuerz virun der Fermeture géint 19.30 Auer entdeckt ginn. Deen Ament waren d’Geschäfter an der Galerie schonn zou a just de Supermarché hat nach op.

Wärend dem Asaz haten alleguer d’Mataarbechter an d’Clienten d’Gebai misse verloossen.

Back to Top
CIM LOGO