Wéi d’Police mellt, wier ee verdächtege Géigestand fonnt ginn. D’Sécherheetsekipp vun der Chamber hätt e Freideg géint 10 Auer ee verdächtege Pak interceptéiert, deen un de Chamberpresident Fernand Etgen adresséiert war, heescht et aus der Chamber. De Fernand Etgen ass den Ament doheem an der Isolatioun, nodeems hien en Donneschdeg ee positive Schnelltest hat.
Déi betraffe Gebaier goufen evakuéiert an d’Police huet ee Sécherheetsperimeter ageriicht. D’Situatioun wier ënner Kontroll, wéi et aus der Chamber geheescht huet. De Service Deminage war um Krautmaart.
Géint 11.30 Auer gouf et schliisslech Entwarnung vum Krautmaart. Wéi d’Chamber op Twitter mellt, ass de Perimeter nees opgehuewen an d’Chambersgebai erëm op. Et hätt keng Gefor bestanen, am Pak wiere keng geféierlech Objete gewiescht.