Prozess géint Covid-OrganisateurenVerfassungsgeriicht tranchéiert, ob d’Covid-Gesetz verfassungskonform ass

Diana Hoffmann
En Dënschdeg de Moien sinn 2 Urteeler géint 2 Organisateure vun de Maniffe géint d’Covidmesurë gesprach ginn.

En Dënschdeg de Moie sinn zwee Urteeler an deem Kontext geholl ginn. An deem enge Volet (Kaméidi) koum et zu engem Fräisproch, an an deem aneren (Covid-Legislatioun) huet d’Friddensgeriicht verfassungsrechtlech Froen un d’Verfassungsgeriicht gestallt.

D’Ugeklote Jean-Marie Jacoby an de Peter Freitag ware selwer net komm, fir d’Urteel entgéint ze huelen. De Riichter huet decidéiert, der Demande vun deenen 2 Ugekloten nozekommen an d’Verfassungsgeriicht mat der Fro ze befaassen, ob d’Covid-Gesetzer, géint déi si solle verstouss hunn, verfassungsrechtlech an der Rei sinn.

Déi 2 Ugekloten hate wärend dem Prozess ëmmer nees dorop gepocht, datt si bei de Maniffen net géint Gesetzer verstouss hätten. Si géingen d’Covid-Gesetzer nämlech net unerkennen, well dës géint d’Verfassung géinge verstoussen an d’Leit krank maachen. Dofir hate si bei de Maniffen och keng Mask un, hu keng Distanzen agehalen an et hu sech ze vill Leit rassembléiert. Faiten, wéinst deene si ënner anerem eben och ugeklot gi waren.

Elo ass d’Affär an enger nächster Etapp emol um Verfassungsgeriicht. De Riichter vum Friddensgeriicht séchert sech mat dësem Schrëtt of, well et net a senge Kompetenze läit, iwwer d’Fro vun enger Kompatibilitéit vun de Covid-Gesetzer mat der Verfassung ze tranchéieren. Wéi laang et elo dauert, bis en Urteel gesprach ka ginn, gouf net matgedeelt. Et sief och nach eng Kéier ugemierkt, datt et beim Friddensgeriicht net ëm Prisongsstrofe geet, a just ëm éischter méi kleng Geldzommen als Strof.

An engem Uklopunkt goufen de Jean-Marie Jacoby an de Peter Freitag awer fräigesprach. Nämlech dem Virworf, datt si wärend de Maniffe mat haarder Musek géint d’Policereglement vun der Stad Lëtzebuerg verstouss hätten.

Back to Top
CIM LOGO