Maniff um Royal HamiliusVerméigensverwalter gouf net vum Veranstalter oder der Gemeng kontaktéiert

RTL Lëtzebuerg
Firce Capital, de Verméigensverwalter vum Royal Hamilius, preziséiert an engem Communiqué, datt si natierlech d’Recht fir ze manifestéiere respektéieren.

Et ass net erlaabt um Hamilius an der Stad ze manifestéieren, well de Proprietär dat net wëll. Déi Nouvelle hat d’lescht Woch fir Opreegung gesuergt. Duerno gouf se awer revidéiert.

Et ass ëm de Fraemarsch, den 8. Mäerz, gaangen.

Firce Capital, de Verméigensverwalter vu Royal Hamilius, preziséiert elo an engem Communiqué, datt si natierlech d’Recht, fir ze manifestéieren, respektéieren.

Si wäre weder vum Organisateur nach vun de kommunalen Autoritéiten oder anere kontaktéiert ginn.

D’Hamiliusplaz wär eng ëffentlech Plaz, déi vun der Stad Lëtzebuerg reglementéiert gëtt. Firce Capital wéilt sech net an déi ëffentlech Uerdnung amëschen.

PDF: Schreiwes vu Firce Capital

Back to Top
CIM LOGO