Invité vun der Redaktioun (21. Mäerz) - Marc FischbachVerschidde Fleege-Haiser knabbere schonn un hire Reserven

Sascha Georges
En Donneschdeg de Moie war de President vun der Copas eisen Invité vun der Redaktioun.
© RTL-Archiv

Bis Enn Summer, Ugangs Hierscht muss eng Léisung fonnt ginn. Verschidde Fleegeheemer knabberen nämlech schonn un hire Reserven, dat well se de Plus u Käschte, déi duerch den Accord am Fleegesecteur zejoert entstanen sinn, eleng musse stemmen.

Dat geet bis an d'Milliounenhéicht, sou de Marc Fischbach, President vum Daachverband vun de Fleegeheemer, der Copas, um Donnschdeg de Mueren am RTL-Interview.

Eng 700 Salariéen aus dem Secteur krute jo méi Pai. D'Regierung hat deemools garantéiert, dat ze finanzéieren. Well awer d'juristesch Basis dofir feelt, si bis elo nach keng Sue komm. D'Regierung wier sech der Urgence awer bewosst, mengt de Marc Fischbach, deen och ënnersträicht, datt d' Fleegeheemer d'Käschten net un hir Cliente kënne weider ginn. Op d'mannst net déi nächst zwee Joer. Och dat steet am Accord.

Déi héich Tariffer vun de Fleegeheemer entstinn duerch deier Zousazzerwisser. Dowéinst ass och de Copas-President fir eng honnertprozenteg Transparenz bei den Tariffer.

Dat wëll och déi zoustänneg Ministesch Corinne Cahen.

Et wier dem Beneficiaire "säi verdammtent Recht" ze wëssen, wat, wéi eng Leeschtunge kaschten.

An et wier am Interessi vun den Haiser selwer, déi sech dann net allkéiers fir hir Präisser misste rechtfäerdegen, sou nach de Marc Fischbach.

En Donneschdeg de Moie war de President vun der Copas eisen Invité vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren

Back to Top
CIM LOGO