
Op der N15 bei Heischent gouf e Sonndeg den Owend en Automobilist aus dem Verkéier gezunn, dee d’Beamte vun der Police duerch säi Fuerstil op sech opmierksam gemaach huet. Den Alkoholtest vun der Persoun war positiv.
An der Rue de Contern zu Izeg gouf der Police dunn en Automobilist gemellt, deen en anert Gefier beschiedegt hat an éischten Informatiounen no einfach weidergefuer war. De schëllege Chauffer konnt awer kuerz drop vun de Beamten ermëttelt ginn an och bei him war den Alkoholtest positiv ausgefall.
Op der Route du Vin zu Mäertert stoung e Sonndeg den Owend en Auto um Vëloswee. Béid Persounen, déi am Gefier souzen, goufen net wäit ewech vum Won fonnt. Si hate béid däitlech ze déif an d’Glas gekuckt, de Chauffer huet dowéinst säi Permis missten ofginn.