No technesche ProblemerVerschidden Internetservicer vum Staat ware ronn 45 Minutten offline

RTL Lëtzebuerg
Online-Servicer wéi zB MyGuichet, Gouvernement, Statec oder dee vun der CNS ware géint 9.30 Auer fir ronn eng dräivéierel Stonn net méi accessibel.
© RTL Archivbild

De Staatsreseau ass zanter 10.15 Auer erëm accessibel an och d'Online-Servicer sinn am Gaang retabléiert ze ginn. Dat geet aus engem Schreiwes ervir, deen eng gutt Stonn nom Virfall erausgaangen ass.

Den Incident war duerch eng interne Pann, déi bei Aarbechten um Reseau vum CTIE geschitt ass.

Et war deemno just eng kuerz Paus fir d'Beamten am Homeoffice, déi eisen Informatiounen no, och net schaffe konnten, well se z.B. net op hir Mailen, respektiv den Intranet zougräife konnten. Mir kruten dann och bestätegt, dass och d'Telefonen net funktionéiert hunn.

Vun der Pann ausgeschloss war ënnert anerem Education.lu.

Back to Top
CIM LOGO