
Si hunn déi hënnescht Dier opgebrach an eng Fënster ageschloen, fir an en Ofstellraum ze kommen. Vun do aus wollte se da weider bis an d’Kierch... wat hinnen awer net gelonge wier.
Um Dënschdeg de Moie fréi gouf en Abroch an e Reitstall zu Bartreng gemellt. Hei goufen e puer Suedele geklaut.
Da gouf et kuerz drop e versichten Abroch an en Eefamilljenhaus an der Rue du Verger um Verluerekascht. D’Awunner goufen duerch de Kaméidi bei der Entréesdier waakreg an hunn d’Luucht ugemaach, wouropshin d’Täter sech duerch d’Bascht gemaach hunn.