Zeienopruff vun der PoliceVersichten Abroch zu Klengbetten

RTL Lëtzebuerg
Zwee Brigangen wollte sech e Freideg de Mëtteg géint hallwer 12 an hallwer 1 Accès an een Haus an der Rue du Chemin de Fer verschafen.

De Locataire hat si awer in flagranti erwëscht. Déi Zwee si warscheinlech an engem klénge groen Auto mat roude Placke geflücht, wéi d’Police mellt.

Dem Locataire no hätt ee vun de presuméierten Täter éischter nordafrikanesch Originnen an ëm déi 30 Joer. Dee Mann wär mëttelgrouss, hätt schwaarz Hoer an hätt eng blo Jeans an e schwaarze Pullover ugehat. All d’Informatiounen si fir d’Police vu Capellen.

Back to Top
CIM LOGO