Bilan vun de Policekontrollen um StauséiVerstéiss géint de Code de la route, d'Drogen- an d'Ëmweltgesetz

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet vu Mee bis September ëmmer nees um a ronderëm de Stauséi Uewersauer kontrolléiert. Elo läit de Bilan vun de Kontrolle vir.

D'Beamten hunn am Ganze 733 Avertissement taxés am Zesummenhang mat geparkte Gefierer geschriwwen. Ausserdeem goufe 45 Infraktioune géint de Code de la route festgestallt.

Iwwerdeems krute véier Chaufferen e Protokoll. Entweder, well si alkoholiséiert Auto gefuer sinn, d'Pabeiere vun hirem Auto net an der Rei waren oder si hiert Gefier esou geparkt haten, dass si den Trafic gestéiert hunn.

Donieft hunn d'Beamten dräi Avertissement taxés an zwee Protokoller wéinst Verstéiss géint d'Drogegesetz geschriwwen.

Véier Persoune kruten en Avertissment taxé, well si ouni Erlabnis mat motoriséierte Gefierer am Bësch ënnerwee waren an dräi, well si Knascht verbrannt hunn. Iwwerdeems hunn d'Beamten zwee Avertissement taxés an ee Protokoll geschriwwen, well d'Leit sech net un d'Gesetzer vun der Fëscherei gehalen hunn.

18 Leit kruten e Protokoll, well si hire Mupp op Plazen dobäi haten, wou dat net erlaabt ass, zéng Persounen hu sech net un d'Grillverbuet gehalen an néng hunn illegal campéiert.

Ausserdeem huet d'Police véier Plaintë wéinst Déifstall an eng Plainte wéinst Saachbeschiedegung opgeholl. An engem weidere Fall gouf no engem Sträit e Protokoll geschriwwen.

Back to Top
CIM LOGO