
E Mann vun 22 Joer hat sech dowéinst virun de Riichter ze veräntweren. Him gouf "Vol à l'aide de violences" virgehäit.
Den Ugekloten an e Kompliz haten deemools nuets d'hënnescht Terrassendier beim Europadeputéierten a senger Fra opgebrach, an der Suite mat enger Kreditkaart 1.000 Euro opgehuewen an ënnert anerem nach en Auto geklaut. Den DP-Politiker a seng Fra koumen en Donneschdeg net op d'Geriicht, well d'Vertriederin vum Parquet hinnen dat erspuere wollt.
An hiren Ae wär d'Gravitéit vun de Faiten net ze diskutéieren a misste géint de Co-Auteur vun der Dot d'"Circonstances aggravantes" vum Abroch, an der Nuecht zu zwee oder méi, a vum Weise vun enger Waff zréckbehale ginn. De jonke Mann, dee matgemaach hätt a keen onbeschriwwent Blat wär, kéint och kee Sursis méi kréien, sot d'Vertriederin vum Parquet.
Den zoustännegen Enquêteur vun der Police judiciaire hat erkläert, de Charel Goerens a seng Fra hätte geschlof, wéi de Kompliz, vun deem et keng Spuer gëtt, de Politiker waakreg gemaach hätt. Déi zwee waren u Suen a Gold interesséiert. Well si näischt sou fonnt hunn, hu si de Code vun enger Bancomatskaart gefrot an domat eben 1.000 Euro opgehuewen. Nodeems de Beschëllegten dem Kompliz d'Sue ginn hat, sot deen, de jonke Mann sollt 10 Minutte waarden. Hie géif säin Auto siche goen. Wéi de Kompliz net méi erëmkoum, wär den Ugeklote mam Auto vun der Fra fortgefuer, dee gouf net wäit ewech ënner enger Bréck fonnt. Op Grond vun DNA-Spueren um Bancomat wär een op de jonke Mann komm. Seng DNA wär och iwwerall am Auto gewiescht. Mëtt Mee gouf hie festgeholl, am Ufank hat hien d'Dot bestridden, se dunn zouginn, seng Roll awer minimiséiert.
De Mann huet den Donneschdeg de Moie gemengt, hien hätt Angscht virum Kompliz gehat an d'Koppel net wëllen traumatiséieren. "Dir hutt awer matgemaach!", huet de President vum Geriicht ze bedenke ginn. Et géif him leed doen, sou de Mann, deen 2014 an 2016 ewell wéinst Abréch veruerteelt gouf. Säin Affekot huet vun engem atypeschen Homejacking geschwat. Normalerweis wär a sou Fäll vill Gewalt am Spill, hei awer net, huet de Me Stroesser betount. Fir deen de Kompliz de Chef war a säi Client eng Nieweroll gespillt hätt, soudass eng Prisongsstrof mat Sursis ugemooss wär.
D'Uerteel ass fir den 11. Juli.