
Et war him virgehäit ginn, sech tëscht Mäerz 2017 a Februar zejoert zu Réimech net uerdentlech ëm seng Hénger bekëmmert ze hunn. Hien hat därer 7, well si awer schlecht gehale goufen, waren der 3 dovu gestuerwen.
Am Mee zejoert war hien nach zu 3 Méint festem Prisong veruerteelt ginn, well hien d'lescht Joer net fir säi Prozess ugetruede war.