IRMen an DokteschpraxissenVerwaltungsgeriicht schéisst Ball weider bei d'Verfassungsgeriicht

RTL Lëtzebuerg
Am Kontext vun der Diskussioun iwwer IRMen an Dokteschpraxissen huet d‘Verwaltungsgeriicht an 1. Instanz nach keng Decisioun geholl.

Au contraire huet den Tribunal administratif de Ball weider gespillt an dem Verfassungsgeriicht eng sougenannt Question préjudicielle gestallt.

D‘Cour constitutionnelle soll fir d‘éischt kläeren, ob en Artikel vum Gesetz vun 1983 iwwert d‘Beruffer vum Dokter, Zänndokter a Veterinär, an deem et ëm d‘Équipementer an Apparater an Dokteschpraxisse geet, komform ass zu zwee Artikele vun der Verfassung.

Back to Top
CIM LOGO