
E Freideg den Owend huet d'Police e Grupp Autoen op der A4 Richtung Stad gemellt kritt, déi mat héijer Vitess géinge fueren a vu riets iwwerholl hätten. Antëscht hätte si d'Ausfaart Pontpierre geholl a wieren an der Géigend vun engem Akafszenter. Op der Plaz konnten d'Beamte beim Akafszenter zu Wickreng e puer getunt Autoen untreffe a kontrolléieren. Dobäi goufen e puer Verwarnungen ausgeschwat.
Géint 22:15 war enger Patrull op der selwechter Plaz en Auto opgefall, bei deem déi hënnescht Luuchten an d'Beliichtung vun der Plackennummer net goungen. Doropshin ass d'Police dem Auto nogefuer an huet dëst zu Schëffleng gestoppt. De Chauffer hat kee Permis dobäi a säin Auto huet net der gesetzlecher Zouloossung entsprach. Wéi hien e Pretekoll sollt bezuelen, huet hie refuséiert dat direkt ze maachen. Doropshi gouf en Depannage geruff, deen den Auto bei de Policebüro bruecht huet.
De Polizisten ass nach e weideren Auto opgefall, deen e puer Mol den Auspuff knuppe gelooss huet. Bei der Kontroll gouf festgestallt, datt illegal Ännerungen um Ofgassystem virgeholl gi waren. Och dësen Auto gouf ofgeschleeft.
Donieft ass enger Patrull géint 1:40 Auer e Samschdeg de Moien en Auto opgefall, dee vun der Autobunn Richtung Esch-Zentrum gefuer ass. Am Verlaf vum Asaz ass den Auto an der Rue de Luxembourg am Slalom gefuer an ass dobäi bal op den Trottoir gefuer. Doropshi gouf den Auto gestoppt. De Chauffer huet ufanks net op d'Signaler vun de Poliziste reagéiert, mä eréischt, wéi d'Beamten un d'Fënster getockt hunn. Mat de Pabeiere vum Auto war zwar alles an der Rei, allerdéngs huet de Chauffer staark no Alkohol geroch. En Test war deementspriechend positiv. Wéinst dem héije Wäert gouf e provisorescht Fuerverbuet ausgeschwat an de Fürerschäin agezunn.