
D'Rue de la Sûre an d'Rue de la Montagne goufen doropshi gespaart.
Nodeems d'Feier dem 112 gemellt gi war, goufen direkt 3 Läschween an zwou Dréileederen op d'Plaz geschéckt.
Wéi d'Pompjeeën ukoumen, war d'Feier grad am Gaangen, vun deem engen Daach op zwee Nopeschdiecher iwwerzegräifen. Dat konnt awer verhënnert ginn.
Well et eng komplizéiert Aarbecht war, gouf mat schwéierem Otemschutz duerch d'Lächer am Daach kontrolléiert, ob et net nach Brandnäschter géif ginn.
Géint 18.40 Auer war d'Feier ënner Kontroll. Blesséiert gouf keen.
Op der Plaz waren d'Pompjeeë vun Iechternach, Konsdref, Uesweller, Lënster, Rouspert a Maacher-Mäertert.
D'Pompjeeë vu Bäerdref a Manternach waren am Stand-by.