Avisen JughurtsfabréckVill Ëmwelt-Froe bleiwen ongekläert, och no Impakt-Etüd vum Terrain fir Fage

Maxime Gillen
Lynn Kayser
D'Causa Fage hat jo fir Opreegung gesuergt, well en Terrain un eng Entreprise verkaaft gouf, ouni ze wëssen ob dësen, laut Gesetz, iwwerhaapt gëeegent ass.
© Domingos Oliveira / RTL

Konkret soll op de 15 Hektar Land zu Beetebuerg eng Jughurtsfabréck, eng Kläranlag an eng Biogas-Anlag gebaut ginn.

Avisen Jughurtsfabréck / Reportage Maxime Gillen

Fir ze kucken, wéi grouss den Impakt vum Bau op d'Ëmwelt wier, gouf dann elo eng breet ugeluechten Etüd gemaach. Dës gouf vu Fage an Optrag ginn a vun den zoustännegen Autoritéite gepréift. Dës Avisen, déi RTL virleien, raumen e puer Bedenken aus dem Wee, ma ënnersträichen awer och déi Punkten, déi d'Etüd net definitiv konnt klären.

Positiv ass, dass duerch d'Molkerei weder iwwerméissege Gestank nach ze haarde Kaméidi géif entstoen. An och den zousätzlechen Trafic duerch ronn 170 Camionen den Dag géif net ze vill Kaméidi maachen. Ma domat schéngt et och schonn eriwwer mat de gudden Noriichten. Well duerch deen zousätzlechen Trafic kéinten d'Stéckoxid-Wäerter op der Haaptachs iwwerschratt ginn, heescht et am Avis vun der Ëmweltverwaltung.

Derbäi kënnt, dass de Liewensraum vun dräi Zorte Villercher riskéiert, zerstéiert ze ginn. Fir dat ze verhënneren, misste Kompensatiounsmoossname geholl ginn, déi mussen noweisbar gräifen, ier Fage déi néideg Naturschutz-Geneemegung ka kréien. Dat heescht et gëtt e vergläichbaren Terrain gesicht, deen dann och net ze wäit ewech ass, fir dass déi betraffen Déieren an der Géigend vun hirer Bréiplaz genuch Fudder kënne fannen. Dësen Terrain dierf dann och net esou klasséiert sinn, dass hei nach eng Kéier dierft gebaut ginn.

De Projet vu Fage gesäit vir, dass um Enn hei eng 80.000 Tonne griichesche Jughurt am Joer solle produzéiert ginn. Dofir bräicht ee ronn 1.000 Tonne Mëllech den Dag a grouss Quantitéiten un Drénkwaasser. Laut Gesetz ass d'Gemeng dofir verantwortlech, d'Waasserversuergung ze garantéieren. Allerdéngs gëtt an der Etüd net gekuckt, ob och tatsächlech genuch Kapassitéiten do sinn a wéi et an Zukunft mat der Drénkwaasserversuergung wäert ausgesinn.

Iwwerdeems géifen eng 3.200 Meterkibb Ofwaasser entstoen, déi all Dag an d'Uelzecht sollen offléissen. Dat Waasser géif gebraucht ginn, fir d'Anlage vun der Molkerei mat Waasserdamp ze botzen. Deemno misst dat Waasser erëm gekillt ginn, fir kënnen an d'Uelzecht ze fléissen, respektiv fir déi néideg Ofwaasser-Geneemegung vum Ministère ze kréien.

Ob den Terrain vu Fage elo gëeegent ass, fir déi gewënschte Produktioun – op déi Fro schéngt och d'Impakt-Etüd keng definitiv Äntwert bruecht ze hunn. Ma domat ass dës Etapp am Prinzip ofgeschloss a Fage kann eng „Autorisation d'établissement“ ufroen. An déi Prozedur dierft fréistens uganks nächst Joer ofgeschloss sinn.

En Dënschdeg gi sech Detailer vum Ressortminister an der Chamberkommissioun erwaart.

Back to Top
CIM LOGO