“Hëllef fir d’Natur”Vill Eventer fir de 40. Anniversaire vun der Fondatioun

RTL Lëtzebuerg
Ënner anerem gëtt Enn Abrëll e fuschneien Topoguide virgestallt "40 Joer - 40 reservéiert - 40 Trëppel-Weeër".
“Hëllef fir d’Natur”
Vill Eventer fir den 40. Anniversaire vun der Fondatioun

D’Stëftung “Hëllef fir d’Natur” gouf de 14. Dezember 1982 gegrënnt an huet als Haaptzil, d’Biodiversitéit ze erhalen. Dofir keeft d’Fondatioun mat Hëllef vun Done reegelméisseg Terrainen zu Lëtzebuerg, déi en héijen ekologesche Wäert hunn a verwandelt se an Naturschutzgebidder.

Am Ganzen huet d’Stëftung bis ewell ronn 1.650 ha Land. Ënnerhal ginn dës Plaze vun 23 Natur-Experten, wéi beispillsweis Biologen, Bësch-Ingenieuren oder och Geografen.

D’Fondatioun “Hëllef fir d’ Natur” gehéiert zu Natur& Ëmwelt, esou wéi d’Opfangstatioun zu Diddeleng an och d’Asbl “Natur& Ëmwelt”, déi allerdéngs méi eng pedagogesch a politesch Roll huet ewéi d’Stëftung.

Méi Informatiounen zu den Eventer am Kader vun de Festivitéite vum 40. Anniversaire fënnt een op www.naturemwelt.lu .

Back to Top
CIM LOGO