Déi Kéier gëtt de Projet ëmgesat. Awer net zur Zefriddenheet vu jidderengem. D’Kierchbierger Spidol baut 2019 eng Annexe bäi, an där d’Direktioun och deen neien nationale Service vun der Ëmweltmedezin gutt geséich. Den Zouschlag kritt awer den Escher CHEM. Dee jo 2026 an dat neit Südspidol plënnere sollt. Doranner wier d’Ëmweltmedezin scho virgesinn. Argumentéiert den deemolege Santésminister Etienne Schneider.
An effektiv kréie mir am November 2019 vum Dr Hansjörg Reimer, deemolege Generaldirekter vum Centre Hospitalier Emile Mayrisch, d’Pläng gewisen.
Eng 200m2 mat 2 Better a 6 ambulante Behandlungsméiglechkeeten. Fir Patienten, déi beispillsweis empfindlech op Chemikalie reagéieren oder Schwéiermetall-Belaaschtungen hunn. De Projet gouf mat engem däitschen Expert op dësem Gebitt ausgeschafft.
De CHEM kritt wärend der Pandemie en neie Generaldirekter. Den Dr René Metz hat d’Konzept vu sengem Virgänger verworf. An engem Interview am Januar 2022 erkläert hien am RTL-Interview, et bräicht een elo keng Better, mee Kompetenzen. “Mir brauche vläicht Forschung an dat wëlle mer developpéieren. Mir brauchen Ausbildung vu jonken Dokteren a fir Formation continue. A mir brauchen d’Méiglechkeet, wann ee Patient oder en Dokter hei zu Lëtzebuerg konfrontéiert ass, wou e seet “hei dat do ass komplizéiert”, ech wëll eng zweet Meenung.”
Aplaz vu Schuedstoff-fräien Zëmmeren a Behandlungsméiglechkeete (am Fachjargon “clean rooms”) - wéi am Koalitiounsaccord virgesinn - soll an Zesummenaarbecht mam Staatslabo eng ëmweltmedezinesch Consultatioun geschaf ginn.
En No-go fir Akut, den Aktioungrupp fir Ëmweltoxikologie, dee sech schonn zanter ville Jore fir eng Ëmweltklinik staark mécht. ”Dat ass ongeféier dat selwecht, wéi et bis elo war”, reagéiert de President Jean Huss op déi nei Pläng. “De Patient geet vun engem Dokter bei den aneren, kritt hei erëm Diagnostiken, do rëm Analyse gemaach... en Dokter-hopping wou näischt dobäi erauskënnt an duerno kréien déi Leit gesot ‘oh, Madamm, dat ass psychesch, dir sidd sensibel, dat ass psychesch’. Domadder muss endlech Schluss sinn.”
An der Chamber kritiséieren déi gréng, d’Piraten an déi Lénk den ëmgeännerte Projet. Am Februar 2022 seet d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert, si hätt deen éischte Projet mat de “clean rooms” ni virgestallt kritt, deemno och net ofgeseent. “Also ech halen net um Buschtaf vun engem Regierungsprogramm fest. Dat ass jo net e Konzept, dee viséiert war, dee bis an de leschten Detail duerch declinéiert war. Ech hunn och net verstanen, datt di Iddi vu Clean rooms soll ganz vum Dësch leien.”
Bis d’Südspidol fäerdeg ass - viraussiichtlech 2031 - kënnt d’Ëmweltmedezin zu Nidderkuer ënner. Am November 2022 huet den neien nationale Service seng Dieren do opgemaach. D’Nofro wier grouss, seet d’Dr An Van Nieuwenhuyse, Responsabel vum Service.
An enger éischter Phas konzentréiert ee sech op d’Diagnostik. Mëttelfristeg kéinte Longen an Hautdokteren an de Service bäistoussen, fir de Suivi vum Patient ze maachen. Laangfristeg wiere Schuedstoff-fräi Zëmmere fir schwéier krank Ëmweltpatienten net ausgeschloss.
RTL News: CHEM Nidderkuer Nationale Service vun der Ëmweltmedezin zanter November op