No villen Diskussiounen ëm seng Ausriichtung, ass deen neien nationale Service an Zesummenaarbecht mam Staatslabo LNS an der Unisklinik vu Leuven zanter dem 17. November operationell.
D’Nofro wier grouss, seet déi zoustänneg Doktesch An Van Nieuwenhuyse. Déi u sech am Staatslabo schafft. Bis Ugangs Mee goufen et iwwer 100 Ufroen, 84 Patiente koumen an d’Consultatioun. Dovunner 40% Männer, 60% Fraen an 10% Kanner. D’Altersmoyenne bei den Erwuessene läit bei 50 Joer.
“Déi meescht Patienten hu scho méi Doktere gesinn, och Spezialisten. Medikamenter kritt. Mee d’Problemer bleiwen. Mir gesi vill Leit mat Otemproblemer, Allergien an neurologesche Problemer”, seet d’Prof. Dr Van Niuewenhuyse.
Fir e Rendez-vous ze kréien, brauch et eng Iwwerweisung vum Hausdokter oder vum Spezialist. Déi éischt Consultatioun dauert an der Reegel zwou Stonnen. D’Anamnees wier immens wichteg. Dem Patient nolauschteren, vill Froe stellen, fir eventuell de Lien mat enger Substanz a sengem Ëmfeld kënnen ze maachen.
Fir méiglechen Ursaachen op d’Spuer ze kommen, kënnt d’Ëmweltambulanz vum LNS bei de Patient heem. Mat allerlee Apparater gi Stëbs- a Loftprouwe geholl.
Heiranner kéinte verschidde Parameter wéi Feinstëbs, CO an CO2, Schimmel oder Bakterie gemooss ginn, erkläert de Jean-Raymond Guillard. Den Infirmier vum LNS sammelt dacks Prouwe bei Leit, déi am Staatslabo analyséiert ginn. Iwwer de Stëbs ka beispillsweis och detektéiert ginn, ob e Stot enger héijer Expositioun vu Biociden, Brandschutzmëttel, Weichmacher oder bestëmmte Schwéiermetaller ausgesat ass.
Opgrond vun de Resultater, der Anamnees vum Patient a Blutt- an Urinanalysen, ka sech undeiten, ob eng oder méi Substanzen a sengem Ëmfeld d’Symptomer verursaachen. Dann heescht et d’Source ze fannen, zréck bei de Patient, eventuell och op seng Aarbechtsplaz. Spezifesch Echantillonen huelen aus Miwwel, dem Teppech oder der Matrass.
Heiansdo kann et souguer d’Geschier sinn, aus deem een ësst. Wéi d’Beispill vun engem Patient weist, bei deem eng Bläivergëftung festgestallt gi war. D’Telleren, déi hien aus China matbruecht hat, waren an d’Viséier vun der Ëmweltmedezin geroden. “Mir hunn eng Rei Analyse gemaach. Fir d’éischt hu mer simuléiert, wat geschitt, wann een den Teller benotzt. Do huet sech gewisen, datt Bläi fräigesat gëtt, wann den Teller mat enger Léisung a Kontakt kënnt”, erkläert den Dr. Radu Duca, Responsabel vum zoustännege Service am Staatslabo. Allgemeng bräichten d’Leit sech awer keng suergen iwwer hiert Tellergeschier ze maachen. An der EU wär et verbueden, Bläi a Servicer ze verschaffen.
Ass d’Ursaach vum Iwwel bis fonnt, kritt de Patient a säin Dokter de Befund. “Mir sinn da fäerdeg”, seet d’Prof. Dr. Van Nieuwenhuyse. “Mir soen dem Dokter Bescheed an dee kann dann eng Chelattherapie ufänken, sollt dat néideg sinn. Mee mir maachen hei keng Therapie.”
Mëttelfristeg kéinte Spezialisten an den nationale Service vun der Ëmweltmedezin bäistoussen. Longen- oder Hautdoktere beispillsweis. Déi dann och no der Diagnos de Suivi vum Patient maachen. D’Ëmweltmedezin am CHEM ass réischt a Kannerschong.