Keen neit PhänomeenVill Holz aus de Lëtzebuerger Bëscher lant um chineesesche Maart

Pit Everling
Fir d'Holz aus de Lëtzebuerger Bëscher gëtt et zu Lëtzebuerg net vill Demande, fir d'Holz ze verschaffen.
© RTL-Archiv

Lëtzebuerger Holz / Reportage Pit Everling

D’Chineese kafen net just awer virun allem Wäertholz: Buchen an Eechen. Dat Phänomeen gëtt ëmmer méi visibel, existéiert fir d’Buchen zum Beispill awer schonn zënter 10 bis 20 Joer. Hei am Land gëtt et wéineg Nofro fir dëst Wäertholz ze verschaffen, dofir kommen aner Acteuren an d’Spill. A well een op engem fräie Maart ass, setzt sech deen duerch, deen den héchste Präis bezilt, seet de Winfried Von Loe vun der Associatioun Privatbësch.

Privatbësch heescht privat wirtschaften. Privat wirtschaften heescht, datt dee Bësch muss ënnerhalen a gefleegt ginn an dat kascht Geld. Also ass de Privatbësch interesséiert, säin Holz un deen ze verkafen, deen am meeschte bitt.

Et misst een och bedenken, datt an de leschte Joren eng Partie Nolholz vu schlechter Qualitéit an den asiatesche Raum gaange wier. Holz, wat hei kee wollt a bei deem ee frou war, datt een et lass war.

Vun den dréchene Joren 2019 bis 2020 ass e groussen Deel vun décken dréchene Fiichten, déi hei kee wollt, a China gaangen. Dat war fir däitsch, belsch a Lëtzebuerger Bëschbesëtzer an Holzproduzenten en interessante Maart an dee gëtt et och elo nach.

Bei de Soumissioune fir d’Holz aus den ëffentleche Bëscher ka jidderee matbidden, dee wëll, seet den Direkter vun der Naturverwaltung Fränk Wolter. Wou op der Welt dat Holz um Enn Land, doropper huet ee keen Afloss. Dat Ganzt leeft iwwer Tëschenhändler.

D’Asiate kommen net selwer heihinner akafen. All d’Hëlzer, bei deene mir méi oder manner wëssen, datt se an Asien ginn, déi gi vun europäeschen Händler kaaft. Dat meescht si belsch Händler, well dat Holz dacks via Antwerpen a China geet. Datt d’Holz an Asien geet, erkennt een dacks drun, datt et a Containere geluede gëtt
Méi Informatiounen hu mir net.

Genee Zuelen a Statistike gëtt et also net, well d’europäesch Händler hiert Holz dohinner verkafen, wou si wëllen. An eisen Nopeschlänner gëtt geschat, datt entretemps méi wéi d’Hallschent vum réien Holz a Richtung Fernost geet.

Vläicht kéint dat neit Bëschgesetz wat an der Maach ass, eppes drun änneren, datt sou vill Holz aus Lëtzebuerger Bëscher am asiatesche Raum lant, sou nach de Fränk Wolter.

Fir Buchen- an Eechenholz gëtt et zu Lëtzebuerg wéi gesot net vill Demande. Lëtzebuerger Betriber, déi Holz verschaffen, sinn deemno manner vun de chineesesche Groussakeef beanträchtegt, wéi déi an eisen Nopeschlänner. An den zwou Lëtzebuerger Seeëreie gëtt nämlech bal guer kee Lafholz verschafft, mä virun allem Nolholz.

Back to Top
CIM LOGO