Sozial HëllefenVill Leit froe Leeschtungen net un, obwuel se e Recht op dës hunn

RTL Lëtzebuerg
"Och de beschte Sozialsystem déngt näischt, wann en net genotzt gëtt", huet de Familljeminister Max Hahn en Dënschdeg an der Chamber erkläert.
© RTL Archiv

An enger Froestonn ass et ënnert anerem ëm eng rezent Etüd vun der Chambre des salariés gaangen, aus där ervirgeet, datt vill Leit hei am Land keng sozial Hëllefen ufroen, déi hinnen awer zoustinn.

Den Dan Biancala vun der LSAP wollt wëssen, wéi eng Mesurë kéinten en place gesat ginn, fir deem Phänomen entgéintzewierken. Dorops sot den DP-Minister, datt eng digital Plattform oder en digitalen Office social e wichteg Outile wier. Et wier och wichteg, datt een zum Beispill fir d’Ufro vun ënnerschiddlechen Aiden net allkéiers déi nämmlecht Dokumenter liwwere misst, mee een do iwwert en Dossier partagé kéint fueren.

De Max Hahn huet betount, datt et logesch wier, datt een d’Demarchë vereinfache misst, dëst an der Praxis awer heiansdo schwiereg wier.

Back to Top
CIM LOGO