De Logement bleift ee vun den Haaptprobleemer, mat deene sech d’Leit un déi regional Sozial-Büroen adresséieren. Dat sot d'Julia Gregor vu Resonord um Mëttwoch de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun.
Vill Leit hätten ëmmer méi Problemer déi héich Loyeren ze bezuelen, sou dass dann net méi vill géif bleiwen, fir aner Saachen.
D’Reform vun 2011 vun den Offices sociauxen, déi regional regroupéiert goufen, wier generell awer eng gutt Saach. Doduercher hätt ee besser Moyene kritt, fir ze schaffen. D’Julia Gregor fënnt net dass doduercher d’Proximitéit verluer gaange wier. Et wier een och personell gutt opgestallt.
Am Prinzip kann all Mënsch, deen eng Adress hei zu Lëtzebuerg huet, sech och bei hinne mellen, wann et e Problem am soziale Beräich gëtt. Meeschtens kënnen d’office socauxen een dann weiderleeden un déi richteg Struktur.
Wichteg wier et, dass d’Leit géife wëssen, dass et eng ganze Panoplie un Hëllefe ginn. Jiddereen hätt e Recht op Sozial-Hëllef.
Doduerch, dass d’Schéier tëscht Aarm a Räich am Land ëmmer méi wäit ausernee geet, wier et och richteg, dass d'Offices sociauxen ëmmer méi Aarbecht géife kréien.
An der Chamberkommissioun vun der Famill wäert um Mëttwoch de Moien an deem Sënn eng Etüd virgestallt ginn, wéi déi regional Sozial-Büroe sech zanter der Reform viru knapps 8 Joer entwéckelt hunn.
E Mëttwoch de Moie war d'Julia Gregor vum regionale Sozialzenter Norden, dem Resonord, eis Invitée vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.